Stagegesetz

Du wëlls e Stage maachen a wëss net genau, wéi eng Reegelen dofir gëllen oder ob en bezuelt muss ginn? Hei fënns du déi wichtegst Informatiounen zum Stagegesetz zu Lëtzebuerg.

Wat ass d'Stagegesetz?

Fir d’alleréischt gëtt et ee juristesche Kader fir d’Stageverhältnis tëscht Stagiaire a Patron. Wéi d’ACEL op der REEL zu Köln/Bonn dem deemolegen Aarbechtsminister Nicolas Schmit proposéiert huet ee Stagegesetz auszeschaffen ass eng Rees vu bal 3 Joer lass gaangen, déi Ufank Juni 2020 mat dem Akraafttireden vum “Stagegesetz” een Enn fonnt huet. Am Kader vum dem neien Héichschoulgesetz 2023 koum et dunn zu enger éischter Upassung.

Ënnerscheed gëtt am Gesetz tëschent  zwou Kategorien:

  1. obligatoresch Stagen (stages conventionnés) déi een am am Kader vu senger Formatioun muss maachen
  2. praktesch Stagen (stages pratiques) déi ee fräiwëlleg mécht

Stagekonventioun

D’Stagëkonventioun (Convention de stage) ass obligatoresch fir Stagen, déi zu Lëtzebuerg gemaach ginn. Bei de Stagen, déi am Kader vun enger Formatioun gemaach ginn (Stages conventionnés), muss dëst Dokument vum Stagiaire sengem Patron a vun der Uni/ Héichschoul ënnerschriwwe ginn. Fir praktesch Stagë muss natierlech just dem Patron an dem Stagiaire hir Ënnerschrëft op dësem Dokument stoen.

Wichteg ze wëssen ass och, datt s du als Student net einfach e:eng Salarié:e op der Stageplaz ersetzen däerfs, zum Beispill wann dës Persoun am Congé ass. E Stage däerf net dozou déngen, eng regulär Aarbechtsplaz ze ersetzen. Ausserdeem ass et obligatoresch, datt s du en Tuteur oder eng Tutrice hues, deen dech wärend dem Stage encadréiert an als Ulafstell fir Froen déngt. Des Weidere bass du als Student ëmmer accidentverséchert, och wann de Stage net bezuelt ass.

Am Fall vu Problemer oder Ongerechtegkeeten ass d’ITM (Inspection du travail et des mines) zoustänneg, fir d’Konditioune vun dengem Stage ze kontrolléieren. Du kanns dech also bei Problemer, zum Beispill am Fall vun engem Verdacht op Ausnotzung, zu all Moment un si wenden.

Déi genau Informatiounen, déi an dëser Konventioun mussen drastoen, an eng Beispill-Konventioun fir praktesch Stagen, zur Verfügun gestallt vun der Chambre de Salarièrs, fënns du hei :

Bezuelung

Obligatoresche Stage

< 4 Wochen
4 Wochen – 3 Méint 30% SSM
3 – 6 Méint 30% SSM
> 6 Méint 30% SSM

Praktesche Stage

< 4 Wochen
4 Wochen – 3 Méint 40% SSM
3 – 6 Méint 75% SSM
> 6 Méint Net méiglech

SSM = salaire social minimum, also de gesetzleche Mindestloun.

Bemierkung:
  • Praktesch Stage dierfe maximal 6 Méint beim selwechte Patron daueren.
  • Stage beim selwechte Patron, déi am selwechten akademesche Joer stattfannen, ginn esou behandelt, wéi wann se ee ganze Stage wieren.
  • No engem erfollegräichen Ofschloss vun engem éischten Zyklus vun enger Héichschoul gëtt bei engem praktesche Stage als Referenz de qualifizéierte Mindestloun geholl.

FREQUENTLY ASKED QUESTIONS (FAQ)

Formatiounen déi ënnert d’Gesetz vun der Formation professionnelle falen an Schnupperstagen aus der Schoul.

Weider zwee Punkten déi wichteg ze nennen sinn, sinn éischtens, dass Sagen tëscht dem Bachelor (Zyklus 1) a Master (Zyklus 2) weiderhi méiglech si. Heifir ass zwar just ee Joer virgesinn. Ab dem Zäitpunkt vum Bachelordiplom huet een also ee Joer laang d’Méiglechkeet Stagen ze maachen. Allerdéngs däerf een net méi wéi sechs Méint Stage am Ganze maachen. Dëst gëllt och, wann een e Stage nom Ofschloss am Lycée wëll maachen éier een op der Universitéit/ Héichschoul ufänkt.

An zweetens, wann ee säi Masterdiplom bis an der Täsch huet, däerf een zu Lëtzebuerg kee Stage méi maachen, ausser, wann een an engem Bachelor- oder Masterstudium ageschriwwen ass a wärend senge Studien e Stage maache muss.

An dëser Broschür, déi zesumme mat der Chambre des Salariés ausgeschafft gouf, fënns du weider Informatiounen.

All Zuelen dozou fënns du op der follgender Websäit :

https://guichet.public.lu/de/entreprises/outils/parametres-sociaux.html