ACEL
D’Association des Cercles d’Étudiants Luxembourgeois (ACEL) vertrëtt haut iwwer 45 Studentecerclen, déi duerch ganz Europa an Nordamerika verdeelt sinn. Dëst mécht d’ACEL zum Representant vu méi wéi 10.000 Student:innen an ass domadder de gréissten a wichtegste Studentevertrieder zu Lëtzebuerg.
Wat ass d'ACEL
D’Association des Cercles d’Étudiants Luxembourgeois (ACEL) ass den Daachverband vun de Lëtzebuerger Studentecerclen a vertrëtt d’Lëtzebuerger Student:innen zu Lëtzebuerg an am Ausland. Zu den Haaptaufgabe vun der ACEL gehéiert et d’Schüler:innen an d’Student:innen aus dem Land iwwer déi verschidde Studiegäng ze informéieren, se reegelméisseg zesummenzebréngen a se duerch e permanente Kontakt mat deene verschiddene Ministèren, ze representéieren.
Fir all Student:in do
Wat maache mir?
Representatioun
D’ACEL vertrëtt d’Student:inne virun den Autoritéiten a setzt sech fir hir Rechter an, dofir steet d’ACEL a reegelméissegem Dialog mat de verantwortleche Ministèren an Institutiounen.
Informatioun
D’ACEL informéiert d’Schüler:innen an d’Student:innen iwwert hir Méiglechkeeten nom Lycée, wärenddem Studium esou wéi och no de Studien.
Regruppement
Ee vun der ACEL hiren dräi Haaptziler ass et, d’Student:innen aus deene verschiddene Stied zesummenzebréngen.





