Du wëlls gäre studéiere goen, mee weess awer nach net wat dech op der Uni erwaart? Du weess net wou’s du wëlls studéiere goen a wéi eng Uni déi richteg fir dech ass?
Dann sief och du Student fir 1 Dag a géi mat op eng vun de Visitten an 25 verschidden Universitéitsstied a 8 verschiddene Fächer, organiséiert vun der ACEL zesumme mat senge Cerclen.
Och an der nächster Ouschtervakanz wäert erëm de Student fir 1 Dag stattfannen. D’ACEL ass scho fläisseg amgaang déi nächst Éditioun ze plangen.
Du wells näicht verpassen? Da schreif dech an eiser Mailinglescht an a geff benoorichtegt wann d’Umeldungen opginn.
Du hues scho Froen? Ënne fenns du eis Frequently asked questions!
Déi zweet Ronn vum fachspezifeschen Student fir 1 Dag 2026 fënnt den 28. November statt. Mat dëser Mailinglëscht gëss du benochrichtegt, wann d’Umeldungen opginn!
Bis wéini kann ech mech umellen?
Du kanns dech 3 Schaffdeeg virun der Rees umellen. Déi genau Deadline fënns du um Umeldungssite. Denk awer drun: d’Plaze si limitéiert, déi Éischt si vir!
Wéini sinn ech definitiv ugemellt?
Eréischt wann’s du bezuelt hues, bass du definitiv ugemellt. Wann’s du net iwwer Payconic bezuele kanns, kriss du eng Bestägung wann deng iwwerweisung ukomm ass.
Ech stinn op der Waardelëscht.
Ass een op der Waardelëscht kann een och no der Deadline nach noréckelen, wann spontan een ofspréngt. An dem Fall ruffe mir dir un. Soulaang keng Waardelëscht affichéiert gëtt, si nach Plazen disponibel.
Kann ech mech fir zwou Reesen, déi ob engem Dag ugebuede ginn, umellen?
Leider ass d’Kombinatioun aus Stied déi de selwechten Dag ugebuede ginn net méiglech. Et kann een sech awer natierlech gären fir zwou (oder méi) Stied, déi net de selwechten Dag besicht ginn, umellen.
Ech hunn Problemer mat der Umeldung.
Bei Problemer mat der Umeldung, mell dech bei eis. (sf1d@acel.lu)
Wéi muss ech bezuelen?
D’Bezuelung ass direkt um Site via Payconic méiglech. Alternativ kann een eis de Betrag och iwwerweisen. Schreiw eis eng Mail u sf1d@acel.lu a mir leeden der eis Bankdaten weider. Denk onbedéngt drun däi Numm an d’Bestellungsnummer unzeginn. Soubal d’Iwwerweisung bei eis ukomm ass, ass deng Umeldung confirméiert.
Wéi bezuelen ech, wann ech keng Méiglechkeet hunn mat enger Kreditkaart ze bezuelen?
Wann‘s du keng Méiglechkeet hues mat enger Kreditkaart ze bezuelen, da maach d’Säit vun der Bezuelung (Schrëtt 6) einfach zou (deng Donnéeën si bei eis gespäichert) a schreiw eis eng Mail u contact@acel.lu a mir leeden der eis Bankdaten weider. Denk onbedéngt drun däi Numm an d’Bestellungsnummer unzeginn. Bedenk awer, dass d’Plaze limitéiert sinn an déi, déi als éischt bezuelen, d’Virrecht hunn.
Wat ass alles am Präis mat dran?
Bei all Rees ass de Programm an der jeeweileger Stad souwéi e Mëttesiessen an deels e Snack am Präis mat dran. Zousätzlech ass bei de Stied (mat Ausnam vun Fribourg(CH), Lausanne, Innsbruck, München) och den Transport mam Bus am Präis abegraff a bei de Stied Berlin a Wien den Transport mam Fliger mat dobäi wann s du dech fir de Vol mat Luxair entscheeds. Wou a wat et z’iessen gett kann een an de Programmer respektiv bei de Cerclen selwer nofroen.
Ech sinn net op 1ère, dierf ech awer deelhuelen?
Jo, jiddereen dee wëll dierf um Student fir 1 Dag deelhuelen. Du dierfs soumat och deelhuele wann’s du nach net op 1ère bass oder d’1ère schonn hannert dir hues.
Wéini brauch ech eng Autorisation Parentale?
Wann’s du den Dag vun der Rees ënner 18 Joer al bass, da brauchs du eng Autorisation Parentale. Bei Urees an Eegeninitiav brauchs du keng Autorisation Parentale wann’s du mat enger erwuessener Persoun (z.B. dengen Elteren) urees.
Wou kréien ech eng Autorisation Parentale a wou muss ech déi ofginn?
Deng Autorisation Parentale kriss du bei denger Gemeng. Bei de Reesen mat engem vun eis organiséierten Transport (Bus, Fliger), muss du deng Autorisatioun bei der Umeldung eroplueden. Denkt awer drun, dass du deng Autoristioun Parentale och um Dag vun der Rees dobäi muss hunn.
Ech hu meng Autorisation Parentale nach net, gi se awer nach virun der Rees sichen, wéi kann ech mech umëllen?
Du kanns eng eidel PDF-Datei héichlueden an d’Autorisation Parentale per Mail un sf1d@acel.lu virun der Rees noreechen.
Ob wien schreiwen ech meng Autorisation Parentale?
Ech hunn ënner 18 Joer dierf ech awer mat?
Jo, et gellt alles iwwert Autorisations Parentales aus den iewechten Punkten.
Bei wei enge Reesen ass den Transport mam Bus garantéiert?
An der Tabell sinn déi jeweileg Transportmëttel opgelescht. Am Fall vu net genuch Umeldungen (ënner 5, ausser bei gedeelte Busser wéi Düsseldorf, Karlsruhe, Léck) gëtt eng Rees oofgesoot. Dëst gett spéitesdens 2 Deeg am Viraus kommuizéiert.
Wou fueren d’Busser fort?
Bei wéi enge Reesen ass den Transport mam Fliger garantéiert?
Mir bidde säit e puer Joer och eng Flugméiglechkeet fir folgend Stied un: Berlin a Wien. Dir kënnt natierlech och an Eegeninitiativ ureesen, dat kënnt dir bei der Umeldung uginn, wéi dir wëllt dohinner reesen.
Kréien ech mäin Fluchticket per Mail geschéckt?
Soubal der bezuelt hutt kritt der eng Bestätegungsmail vun eis. De Fluchticket kritt der awer eréischt an deene 7 leschten Deeg vu Luxair zougeschéckt, well der bis 7 Deeg virdrunner ouni Grond kënnt stornéieren an dee Moment och är Sue ganz zeréck kritt.
Bis wéini kann ech mech nees ofmellen?
Du kanns dech bis 3 Schaffdeeg virun der Rees ouni Konsequenzen ofmellen. Déi genau Deadlinë fir all Rees fënns du um Umeldungssite. Wann’s du dech méi spéit wei déi genannten Deadlinen ofmells, kriss du deng Sue leider net zeréck. Wann’s du uginn hues dat’s du de Fliger hëlls, muss du dech bis 7 Schaffdeeg virun der Rees ofmellen, soss kriss du deng Sue leider net zeréck.
Wéi kann ech mech nees ofmellen?
Du kanns dech nëmmen ofmellen an deem’s du eis (sf1d@acel.lu) kontaktéiers. Wann’s du dech rechtzäiteg ofmells, iwwerweise mir dir esou schnell wei méiglech deng Suen zeréck.
Wat fir eng Unie gi mir kucken?
An de jeeweilege Programmer vun de Stied, gesäis du wat fir eng Uni’en besicht solle ginn. Gëff bei der Umeldung déi Uni/Fakultéit un, déi dech interesséiert. Wann eppes waat dech interesséieren géing, net um Programm ass, kanns du dech béim Cercle mellen a nofroen, op si sech upasse kennen.
Ween organiséiert de Student fir 1 Dag?
De Student fir 1 Dag gëtt vun der ACEL an Zesummenaarbecht mat de Cerclen an de jeeweilege Stied, souwéi och mat Voyages Emile Weber, der Uni.lu a Luxair organiséiert. An der Studentestad sidd dir déi ganzen Zäit vun de Lëtzebuerger Studenten aus der jeeweileger Stad encadréiert.
Vergiesst net kuerz virum Depart wichteg Dokumenter matzehuelen, fir dat deng Rees mat eis ouni Probleem verleeft.