An Däitschland gëtt et de sougenannte „Rundfunkbeitrag“. Dës Käschte setze sech souwuel aus Radios- wéi och Televisiounsfraisen zesummen. Et muss een deen och bezuele, wann ee keng Televisioun an/oder och kee Radio doheem huet. D’Käschte leien aktuell bei 18.36 Euro pro Mount, mee kënnen zu all Moment vun der däitscher Regierung no ënnen oder uewe geännert ginn. Du kriss, soubals du dech an denger Studiestad ugemellt hues, e Bréif wou steet weis du virgoe muss fir de Rundfunkbeitrag ze bezuelen, du muss also keng extra Schrëtt ënnerhuelen.
Am Moment ass eng Befreiung just fir déi Studenten:innen méiglech déi eng Bourse Sociale kréien. Falls dat bei dir de Fall ass, kanns du folgend Schrëtter ënnerhuelen:
Weider Infos:
Et ass esouguer méiglech, sech réckwierkend vum Rundfunkbeitrag befreien ze loossen. Dat allerdéngs just fir en Zäitraum vun dräi Joer.
Et wier wichteg fir eis, ze wëssen, ob dëst bei jidderengem klappt. Dofir géife mir eis iwwert eng kuerz Réckmeldung freeën, wann s du dech net online befreie loosse konnts. Du kanns eis op contact@acel.lu schreiwen.
Sollten et nach ëmmer Problemer ginn, kann een sech gären un eis wende mir wäerte weiderhin an dem Dossier aktiv bleiwen, och mat der Hoffnung dass sech all Student:innen an net nëmmen déi mat enger Bourse Sociale kënne vum Rundfunkbeitrag befreie loossen.