D’REEL ass zënter 1984 (ugefaang zu Karlsruhe) de wichtegsten alljährlechen Austausch fir Lëtzebuerger Studenten an Europa. All Joer treffen sech ronn 120 Participanten wärend 4 Deeg an enger neier Universitéitsstad. An dëser Chronik si sämtlech Stied mat hiren Theemen zesummegestallt, déi sech am Laf vun de Jore d’Entwécklung vun de politeschen Debatten op Lëtzebuerger Politik geprägt hunn.
Zanter méi wéi 40 Joer ass d’Réunion Européenne des Étudiants Luxembourgeois (REEL) e feste Rendez-vous am Kalenner vun de lëtzebuergesche Student:innen. All Joer komme fir véier Deeg ronn 150 Student:innen aus ganz Europa zesummen, fir sech auszetauschen, ze diskutéieren an nei Kontakter ze knäppen. Et ass eng eenzegaarteg Geleeënheet fir mat Vertrieder:innen aus Politik a Wirtschaft zesummenzekommen. Dobäi ginn net nëmmen aktuell Problemer vun de Student:innen thematiséiert an d’Erausfuerderunge fir eis Generatioun diskutéiert.
D’REEL gëtt a Zesummenaarbecht mat der ACEL organiséiert a steet all Joer ënnert engem Thema, dat fir d’Student:innen vu relevanz ass, si beschäftegt an en Impakt op hir Zukunft wäert hunn. Ronderem dëst ginn da verschidde Workshops, Echangen mat Expert:innen an Diskussioune mat politeschen an ekonomesche Vertrieder:innen organiséiert, wou sech ausgetosch an no Léisunge gesicht gëtt. An der Vergaangenheet hunn d’REELaner:inne schonn oft bewisen, dass si sech hirer Verantwortung bewosst sinn, soudass op der REEL scho Léisungsusätz fir déi verschiddenst Problem entstan sinn an och den een oder anere Gesetzesprojet do säin Ursprong hat.
D’REEL ass awer vill méi wéi just e politescht Event – et huet een och d’Geleeënheet d’Kultur, d’Brauereien an de lokale Wäi besser kennen ze léieren. Doriwwer eraus bitt d’REEL de Student:innen d’Méiglechkeet nei Leit kennen ze léieren an al Kolleegen erëm ze gesinn, déi sos iwwer ganz Europa verdeelt sinn. Wat déi perséinlech Zukunft an der Beruffswelt ugeet kann d’REEL een och virubréngen. Am direkten Austausch mat de Partnerentreprisen huet sech schonn déi eng oder aner Geleeënheet fir e Stage oder eng Aarbechtsméiglechkeet erginn.
D’1980er Jore waren eng Zäit vun wesentleche globale Evenementer an technesche Fortschrëtter. An dësem Kontext hunn 1984 e puer motivéiert Student:innen aus Karlsruhe déi éischt REEL (Réunion Européenne des Étudiants Luxembourgeois) organiséiert an aner Cerclen invitéiert, fir zesumme mat Vertrieder aus der Politik iwwer aktuell studentësch Problemer ze diskutéieren a méiglech Léisungen ze fannen.
Dës éischt Editioun huet vum 15. bis 17. November 1984 stattfonnt a war e groussen Erfolleg. Si huet gewisen, wéi wichteg et ass, datt d’Studenten eng gemeinsam Stëmm hunn. Scho wärend dem Event ass kloer ginn, datt ee méi wäit goen an eng permanent, parteipolitesch neutral Studentevertriedung op d’Been stelle wollt, déi engersäits d’Rechter vun de Studenten verdeedegt, si ënnereneen vernetzt an anerersäits och zukünfteg Studenten informéiert an ënnerstëtzt. Dëst war de Grondsteen fir vun der ACEL (Association des Cercles d’Étudiants Luxembourgeois), déi nach am selwechte Joer, 1984, offiziell gegrënnt ginn ass.