Pensioun – Informatiounsevent

Informatiounsevent iwwer de System an eng méiglech Reforme.

Am Kader vun der ugekënnegter  Reform vum Pensiounssystem organiséiert d’ACEL an Zesummenaarbecht mat der CSL de 6.Februar eng Informatiounsséance iwwert den aktuelle Pensiounssystem. Verschidde wichteg Aspekter ginn ugeschwat, notamment:
  • Eng Erklärung iwwer d’Funktioun vum allgemenge Sozialversécherungssystem
  • Eng Analys vun objektiven Donnéeën iwwert den aktuelle System
  • E Réckbléck op déi wichtegst Ännerungen am Kader vun der Pensiounsreform 2012
  • Eng Anuerdnung vun de laangfristege Prognosen.
No der Presentatioun wäert eng Diskussiounsronn mat den Experten vun der CSL si, wou dir äer Froe stellen an iwwer déi verschidden Aspekter diskutéiere kënnt.  Dat ganzt fënnt statt Donneschdes de 6. Februar um 17 : 00 um Site vun der CSL (Chambre des salariés, 2-4 rue  Pierre Hentges , L1726 Luxembourg). Et besteet och d’Méiglechkeet online un der Séance deelzehuelen.

Blogpost deelen

Aktuelles

Wat gëtt et Neies?