Museksjournalist:in mat enger Passioun fir klassesch Musek – Deelzäit
Däin Häerz schléit fir déi klassesch Musek?
Du wëlls deng Passioun deelen an d’Nolauschterinnen an d’Nolauschterer vum Opus domat
begeeschteren? Da bass du bei eis richteg! D’Ekipp vum Opus sicht en neie Member. Bei eis schaffs
du am Déngscht vum Service public a bass no um Bols vun der nationaler an internationaler
klassescher Musekszeen. Du féiers Interviewe mat Kënschtler:innen, recherchéiers spannend
Theemen, gees op Reportage, entwéckels nei Sendungsformater a Podcasten an inspiréiers eise
Public – am Studio wéi och bei Live-Moderatiounen.
Wéi stäerks du d’Ekipp vum Opus?
Du bass virwëtzeg, kreativ an hues Loscht, Theeme verständlech, spannend an ouni Angscht virun
Emotiounen opzebereeden. Du gesäis d’Zesummenaarbecht mat dengem Team als eng Quell vu
Kreativitéit a Qualitéit. Du bréngs dech mat denger Begeeschterung an dengem Fachwëssen an, an
du bass bereet spannende Content fir déi verschidde Kanäl vum Opus (Antenn, Websäit, Social
Media an App) ze kreéieren. Du hues Loscht Saachen ze hannerfroen, journalistesch ze schaffen an
deng Meenung ze soen.
Wourop s du dech verloosse kanns
Eng dynamesch a sympathesch Ekipp, déi hir Leidenschaft a gutt Laun on-air, esou wéi off-air lieft.
Du gëss vu Grond op ageféiert a professionell begleet, mat klore Prozesser an engem permanente
Austausch. Mir bidden dir en Aarbechtskontrakt op onbestëmmten Dauer (CDI) an e Salaire mat
attraktive Perspektiven. An et vergeet kaum eng Woch, bei där s du net eppes Neies léiers oder
spannend Leit begéins.
An elo?
Hues du nach Froen? Da mell dech! Ass alles kloer? Da schéck eis deng Kandidatur an däin CV bis den
13. Juli op rh@100komma7.lu. Mir freeën eis op dech!
Média de service public 100,7
21a , avenue J.F. Kennedy, L-1855 Luxembourg
https://www.100komma7.lu/
https://www.opus.radio/
Fannt eis op Insta a Facebook




