Cerclen
Cerclë sinn Organisatiounen, déi d’Student:innen an enger Stad oder d’Student:inne vun enger bestëmmte Fachrichtung zesummebréngen an informéieren. D’Cerclë bilden haut déi aktiv Membere vun der ACEL a sinn op 10 Länner verdeelt. Dorënner ass d’Belsch, Däitschland, Frankräich, Groussbritannien, Éisträich, Holland, Irland, Lëtzebuerg, Schwäiz a Portugal. Dës Vereenegungen empfänken a vereenen d’Lëtzebuerger Student:inne wärend hirer Studienzäit an de jeeweilege Stied. Dernieft ginn et nach 11 fachspezifesch Cerclen.
Cerclen
Wéi eng Cercle ginn et?
aACEL
- Amicale De L'Association Des Cercles D'Étudiants Luxembourgeois
- Aner
Wee si mir?
D’Amicale vun der ACEL ass e klenge Grupp vun eemolege Studenten:innen, déi an der ACEL oder engem Studentecercle aktiv waren. D’Zieler vun der Amicale, sinn et d’ACEL ze ënnerstëtzen duerch Zesummenaarbecht oder Echangen, awer och déi fréier an aktuell Studenten:innen zesummenzebréngen. D’ACEL an d’Amicale tausche reegelméisseg iwwer Projet’en aus, sief et ganz formell an enger Reunioun oder bei engem Patt op der Schueberfouer. D’Erfarung vun de Memberen aus der Amicale déi aus ganz verschidde Comitésjoeren kommen erlaben der Acel eng mei grouss Gesamtvue ze hunn iwwer hier Projet’en oder Missiounen.
Wat maache mir?
- Grillowend – All Summer fënnt eisen Grillowend no der Balversammlung vun der ACEL zu Bouneweg am Chalet statt.
- aACEL-Stand um Studentebal – Mir sinn mat eisem Picon-Béier Stand um Studentebal vertrueden.
- Afterworks – Chrëschtmaart, Schueberfouer, Mäertchen
ALEM
- Association Luxembourgeoise Des Étudiants En Médécine
- Fachspezifesch
Wee si mir?
D’Association Luxembourgeoise des Étudiants en Médecine vertrëtt lëtzebuergesche Medezin- an Zännmedezinstudent:innen sou wei och Dokteren an Dokteschen, déi am Gaange sinn, sech ze spezialiséieren. Der ALEM hier Missioun ass et d’Vernetzung vun de jeeweilegen ze verbesseren an hir Interessen op nationalem an internationalem Niveau vis-à-vis vun der Politik an de verschiddenen Acteure vum Gesondheetswiesen ze vertrieden.
Des Weideren informéieren si interesséiert Schüler:innen iwwert de Medezinstudium, wéi och iwwert de Pharmakologie- a Veterinärstudium, a sinn och an de verschiddenste Beräicher vun der Santé publique, der Éducation médicale an der Éducation sexuelle aktiv. Mir sinn ee Cercle dee scho laang besteet, virun allem wéinst fläissegem Engagement vun neie Memberen.
Wat maache mir?
- Training Day – een Übungsdaag fir all eis Memberen an deene verschiddenen Spezialisatiounen an den HRS
- Journée du future médecin – eng Foire op der mir eise Memberen een direkten Austausch mat de verschiddenen Acteuren an Actricen aus dem Gesondheetssecteur erméiglechen
- Student fir 1 Dag – wei ass et 1 Dag Medezinstudent:in ze sinn: Theorie & Praxis an eng Froeronn zum Studium
- Intercercle Bluttspendemarathon & Studentebal
- Ersti Woche fir Medezinstudent:innen op der Uni Lëtzebuerg
ALEP
- Association Luxembourgeoise Des Étudiants En Psychologie
- Fachspezifesch
Wee si mir?
D’Association Luxembourgeoise des Étudiants en Psychologie vertrëtt Lëtzebuerger Student:innen déi a Lëtzebuerg an am Ausland Psychologie studéieren. Mir stellen Informatioun fir scho bestoend Student:innen, mee awer och Schüler:innen, déi hire Parcours réischt ufänken, bereet a setzen eis fir si an.
Wat maache mir?
- Ee wichteg Event sinn eis Schoulvisitten. Hei gi mir verschidde Lycéeë besichen a klären iwwer de Studiegang Psychologie, Uni's Liewen a Perspektiven op a ginn op Froe vun de Schüler:innen an.
- De Letzmind huet als Zil Lycée Schüler:innen zu Lëtzebuerg méi opmierksam op Thema Mental Gesondheet ze maachen. Dofir maache mir och hei Schoulvisiten fir Schüler:innen opzeklären an dat Stigma ronderëm Mental Gesondheet ze briechen.
- Op eiser "Soirée d'Information sur la Psychologie" erméigleche mir de Schüler:innen den Dialoge mat Psycholog:innen a gi Beruffstätege Méiglechkeet fir iwwer hier Erfarungen a Aarbescht ze schwätzen.
ALESPS
- Association Luxembourgeoise Des Étudiant·es En Sciences Politiques Et Sociétales
- Fachspezifesch
Wee si mir?
D’Association Luxembourgeoise des Étudiant·e·s en Sciences Politiques et Sociétales (ALESPS) huet sech d’Zil gesat, als zentral Uspriechorganisatioun fir Student:innen aus de Beräicher Politik-, Sozial-, Kommunikatiouns- a Gesellschaftswëssenschaften, Journalismus souwéi verbonnen transdisziplinär Studien ze etabléieren. D’Zil vun der Associatioun ass et, d’Interesse vun de Student:innen ze vertrieden, si iwwer wichteg Entwécklungen an hirem Studium ze informéieren an eng Plattform ze bidden, wou si sech ënnereneen austausche kënnen.
Wat maache mir?
- Student:innen aus den ALESPS Fachberäicher vertrieden an informéieren.
- Eventer bei deenen sech Student:innen aus der ALESPS hire Fachberäicher kenneléieren an austausche kennen.
- Nieft dëser Roll engagéiert sech ALESPS och dofir, Schülerinnen a Schüler, déi sech fir e Studium an de Beräicher Politik-, Sozial-, Kommunikatiouns- a Gesellschaftswëssenschaften, Journalismus souwéi verbonnen transdisziplinär Studien intresséieren, mat nëtzlechen Informatiounen a Rot an Dot z’ënnerstëtzen.
- Duerch Konferenzen, Diskussiounsronnen an aner Eventer wëll d’Associatioun d’Bewosstsi fir d’Relevanz vu politeschen a gesellschaftleche Sujete stäerken.
- Op dës Manéier positionéiert sech d’ALESPS als a.s.b.l tëscht de Studentinnen a Studenten, de Schülerinnen a Schüler an der politescher an akademescher Welt, an als Motor fir en oppene Gedanken- an Informatiounsaustausch.
ALSEP
- Association Luxembourgeoise Socio-Éducative Et Pédagogique
- Fachspezifesch
Wee si mir?
D’ALSEP (Association Luxembourgeoise Socio-Éducative et Pédagogique) ist im Dezember 2024 an d’Liewe geruff ginn. Es handelt sich dabei um einen fachspezifischen Beruf, der alle möglichen Studiengänge aus pädagogischen, pädagogischen und sozialen Berufsrichtungen vermittelt.
Wat maache mir?
- D'ALSEP huet als Zil d'Student:innen aus den oben genannten Gründen Kontakt mit ihnen auf, um einen Austausch zu ermöglichen.
- An deem Kontext sollen am Joer verschidde Besuche, Informationsversammlungen und Events stattfinden.
- Ausserdem huet d'ALSEP als Zil d'Schüler:innen ein Mieter Studiewal a bei Froe, wéi och zum Iwwergang an d'Beruffsliewen, ze ënnerstëtzen.
- Es kann Ihnen nichts ausmachen, zum Thema Studium oder Berufsorientierung zu gelangen, wenn Sie sich mit der Bildung, der Ausbildung und der Sozialberatung befassen.
- Es kann sein, dass Sie zum Studium an der Universität oder im Ausland aufbrechen, wenn Sie die Anerkennung Ihres Diploms oder des Prüfungsthemas für den Berufseinstieg erhalten haben.
ANEIL
- Association Nationale Des Étudiants Ingénieurs Luxembourgeois
- Fachspezifesch
Wee si mir?
D’ANEIL representéiert Student:innen aus de Beräicher Ingenieurswiesen, Architektur, Naturwëssenschaften, Mathematik an Informatik.
Eis Haaptaufgabe bestinn doran, d’Interesse vun dëse Student:innen no baussen ze vertrieden an de Kontakt tëschent hinnen an den Entreprisen hierzestellen. Ausserdeem stelle mir déi Studiegäng a Beruffer, déi domat verbonne sinn, an de Lycéeë vir.
Wat maache mir?
- Dat wuel wichtegst Event vun der Aneil ass de "meeting". Hei stellen Entreprisen sech vir an d'Student:inne kënne Kontakter mat der Beruffswelt knëppen an no Stagen oder festen Ustellunge sichen.
- De meeting gëtt encadréiert vun engem "All you can eat / drink" Catering an duerno engem Fräibéier.
- D’ANEIL organiséiert dat ganzt Joer national awer och international Visitte bei Entreprisë fir eise Member:innen en éischten Abléck an d’Aarbechtswelt ze erméiglechen
- Donieft iwwerhuelen mir d'Präsentatioun vum MINT Beräich an de Schoulen, a probéieren de Schüler:innen déi naturwëssenschaftlech Studiegäng méi no ze bréngen.
- All Joer ënnerhuelen mir eng gréisser kulturell Rees wéi zum Beispiel an Japan (2025), Prag (2024), Toulouse (2023), …
ANELD
- Association Nationale Des Étudiants Luxembourgeois En Droit
- Fachspezifesch
Wee si mir?
D’ANELD ass zanter 1998 d’national Associatioun vun de lëtzebuerger Droitsstudent:innen am In- an Ausland. Si informéiert an orientéiert d’Lycéesschüler:innen, organiséiert Eventer fir hir Memberen a Studentestied wéi Paräis, Stroossbuerg, Bréissel oder Lëtzebuerg, notamment de prestigiéise Gala de Droit. Duerch d’Organisatioun vu Visitte vun de juristeschen a politeschen Institutiounen an dem Concours de Plaidoiries erméiglecht d’ANELD Immersiounen an d’juristesch Welt. Si hëlleft och beim Astig an d’Beruffsliewen, ënner anerem duerch d’Organisatioun vun hirer eegener Recrutementsfoire, dem ANELD Career Day. Zousätzlech vertrëtt si hir Membere vis-à-vis vun den Institutiounen a schafft Avisen zu gesetzleche Projete aus.
Wat maache mir?
- D'Journée du Futur Étudiant en Droit
- De Concours de Plaidoiries
- D'Pots de Bienvenue an d'Apéros an de verschiddene Studentestied.
- Déi alljärlech Visitte vu verschiddenen Institutiounen, déi am Zesummenhang mat dem Droitsstudium stinn, wéi z. B. vun der Cour de Justice vu Lëtzebuerg, dem Europäesche Geriichtshaff, der Chambre des Députés.
- Den ANELD Career Day an de Gala de Droit
ANESEC
- Association Nationale Des Étudiants En Sciences Économiques Et Commerciales
- Fachspezifesch
Wee si mir?
D’Association Nationale des Étudiants en Sciences Économiques et Commerciales vertrëtt all d’ Student:innen, déi am Ekonomiesberäich studéiren. D’ANESEC steet a stännegem Kontakt mat ausgewielten Acteure vun der lëtzebuergescher Economieswelt an de Student:innen an huet als Zil, de Kontakt tëschent béide Säiten duerch verschidden Eventer ze vereinfachen.
Wat maache mir?
- De Career Opportunity Day ass eist wichtegst Joresevent mat inspiréierende Rieden, Paneldiskussiounen, Jobfoire an der Chance op professionell CV-Fotoen.
- D'Digital Business Days ass en Event deen iwwer 3 Deeg geet, bei deeneen eis Memberen sech mat féierende Lëtzebuerger Firmen am Economie a Finanzen Beraïch austausche kënnen.
- Am Laf vum Joer organiséieren mir Visites d’Entreprises, déi de Student:innen en konkreten Abléck an d’Aarbechtswelt ginn an eng wichteg Erfahrung fir hir berufflech Orientéierung duerstellen.
- ANESEC organiséiert informell Networkingeventer, wou sech d’Memberen a kollegialem Kader kenneléieren. Dës Eventer förderen den Austausch vun Erfahrungen an stäerken de Gruppengeescht tëscht den Ekonomiestudent:innen.
Wee si mir?
History.UL ass d’Associatioun fir all d’Geschichts-Enthusiaster op der Universitéit Lëtzebuerg. Eist Zil ass et, d’Studente ronderëm eng gemeinsam Passioun fir d’Vergaangenheet zesummenzebréngen, an enger frëndlecher a wuelwollender Atmosphär. Mir schafe Bänn tëscht de Studenten an dem Geschichts-Departement, a gläichzäiteg hëllefe mir den neie Memberen, hir Plaz ze fannen. Mee eis Missioun geet méi wäit: Mir wëllen eis Léift fir d’Geschicht och mat den aneren Departementer deelen, andeems mir d’Oppentheet an den Austausch fërderen. History.UL ass eng Gemeinschaft, déi d’Geschicht all Dag liewe léisst.
Wat maache mir?
- Organisatioun vun historeschen Evenementer (Quizer, Ausflich, asw.)
- Ënnerstëtzung fir d'Geschichts-Studente (Auswiel vu Coursen, administrativen Demarchen, …)
- Wichteg Informatiounen am Kader vun der Uni ginn (Informatiounssessiounen, …)
Jonk BAD
- Studentencercel Fir D’Lëtzebuerger Student:Innen Am Bibliothéikswiesen, Der Archivistik An An Der Dokumentatioun
- Fachspezifesch
Wee si mir?
D’Jonk BAD ass de Studentencercel fir d’Lëtzebuerger Student:innen am Bibliothéikswiesen, der Archivistik an an der Dokumentatioun. De Cercel gouf 2015 gegrënnt. Mir liewe matzen am Informatiounszäitalter, an dofir brauche mir Leit, déi Struktur an déi ganz Informatioune bréngen, fir duerno eppes erëmzefannen – an zwar dat Richtegt.
Wat maache mir?
- Eise Studielisting setze mir all Joers an Zesummenaarbecht mat eise Memberen op. An deem gi mir en Iwwerbléck iwwer d’Studienméiglechkeeten an eise Beräicher.
- Mir beroden op Foiren an a Lycéen Schüler:innen a Student:innen iwwert de BAD-Beräich.
- Mir ënnerstëtze Student:innen bei der Sich no Studentenjobs a Stageplazen.
- Mir erméiglechen den Austausch zwëschent eise Memberen, Institutiounen an Associatiounen aus dem Kultursekteur.
- Mat Events wéi BAD-Meets, gemeinsame Visitten an Aktivitéiten encouragéiere mir den Austausch zwëschent eise Memberen.